Komm bei d’Bëllia Bratzelgecken
Bass du ë Fuesgeck?
Hues du Loscht fir déi nächst Cavalcaden mat op d’Been … oder op d’Rieder … ze setzen ?
Da komm einfach bei d’Bëllia Bratzelgecken asbl.
Gëff Member an engem flotten dynamischen Club, deen just eng grouss Aktivitéit am Joer organiséiert, eis (Nuets-) Cavalcade.
Fir de Rescht genéissen mir einfach d’Fuesend an huelen u verschiddene Cavalcaden Deel, wou mir mat eisem Won matfueren.
De Veräin ass 2005 gegrënnt gin a besteet am Moment aus +/- 25 Memberen, woubei 11 Leit am Comité sin.
Bass du ë (Fues-)Geck?
da bass du bei eis genau richteg!
Bei eis fënns de alles vun:
- Organisatioun vun (Nuets-)Cavalcade a Bal
- Wonbau
- virum, während, oder nom Bal hëllefen
- de Won begleeden / fir Sécherheet suergen
- Iessen an Drénke goen/ zesumme feieren
Maach mat
Mell dech einfach op bratzelgecken@hotmail.com oder fëll de Formulaire aus: