Scroll Top
19th Ave New York, NY 95822, USA

Maach d’Welt e bësse Becher

Fort vum „Einwegplastikbecher”,
hin zum „Mehrwegbecher”

Gratis Wäin” ass e Must fir vill Spectateuren op der Nuetskavalkade. Dobäi flitt de Plastikbecher normalerweis direkt nom Ausdrénken op de Buedem oder awer an dei normal Dreckskescht. E puer dausend Plastik-Bechere waren dat an de leschte Joeren.

Dat huet “Bëllia Bratzelgecken asbl” zesumme mat “Bernard-Massard” zum Emdenke bruecht a mir weisen, datt et och anescht geet. Dofir stelle mir de “Bratzel-Becher” vir. Et ass e “Mehrwegbecher” mat 0,2 1 an ideal fir eis Notzen.

“Bellia Bratzelgecken asbl” a “Bernard-Massard” setze mat der Verwendung vum “Mehrwegbecher” e klengt Zeeche fir Offallvermeidung, Ressource schounen, Nohaltegkeet a Klimaschutz.

Mam gudde Beispill virgoen

Becher – Pfand – System op der Nuetskavalkade

Den Entreesticket huet dest Joer en oftrennbaren Deel (Souche, (Pfandmarke) = Valeur 2 €), mat deem Dir ären “Bratzel-Becher” kritt.

Et gi mobil Becher-Gruppe ronderem a virum 1. Won loosse mir eise “Becher-Won” fueren, wou dir iwwerall äre “Bratzel-Becher”, geint Antauschen vum Souche, kennt kreien.

Opgepasst: Huelt äre Becher nach eier den 1. Won kënnt

Dir wëllt guer kee Bratzel-Becher, gitt einfach är Souche of, a kritt 2 € erëm.
oder
Huelt Iech är 2 € erem andeems Dir de Becher no der Kavalkade nees ofgitt.

D’Bechere kennt dir zu all Moment bei de Veräiner zereckginn. Hannert dem Bratzelkinniginnenwon kënnt nees eisen “Becher-Won”, wou dir och är eidel Bechere kennt zereckginn. Leider ass kee Retour bei de mobille Keese méiglech.

Datenschutzeinstellungen
Wenn Sie unsere Website besuchen, kann Ihr Browser Informationen von bestimmten Diensten speichern, normalerweise in Form von Cookies. Hier können Sie Ihre Datenschutzeinstellungen ändern. Bitte beachten Sie, dass das Blockieren einiger Arten von Cookies Ihr Erlebnis auf unserer Website und den von uns angebotenen Diensten beeinträchtigen kann.