Elo ass et offiziell:
Et gëtt Cabaret fir de gudden Zweck gespillt.
Virverkaaf start offiziell den 12. Februar.
D’Bratzelgecken hu praktesch déi ganz Artiste vum fréiere Mäertert Cabaret mobiliséiert kritt, an se trieden no jorelaanger Paus nees op. Elo scho mol e groussen MERCI dofir.
De ganzen Erléis gëtt fir den Télévie gespent.
De Virverkaf start offiziell réischt den 12. Februar an der Touristinformatioun op der Bréck, Tickets mussen och direkt bezuelt ginn.
Den Dag selwer kann ee säi Gedrénks an Iessen och ganz bequeem cashless iwwert de System Servipay bezuelen.